Zum Hauptinhalt springen Zum Hauptmenü springen

Kannerbicherdeeg 2021!

08.02.2021

Dëst Joer kennt dir Lëtzebuerger Kannerbicher virgelies vu Schrëftstellerinnen an eng Poppentheater-Opféierung vu “Maus Kätti” ausnamsweis a virtueller Form entdecken.

Diane Orban a Myriam Karels - De Wëlle leeft am Bësch


Wann ee probéiert, d’Welt mat aneren Aen ze gesinn, mierkt een, dass vill méi an de Saache stieche kann, wéi een op den éischte Bléck mengt. Dëst stellen och de Charel a säin näischnotzege klenge Brudder Jim an enger spannender Rees duerch d’Haus fest. Mat enger gesonder Portioun Fantasie verwandele se Decken an Hielen, Wäschkierf a Schëffer a klotere gewëtzt iwwer all Steen, deen hinnen an de Wee geluecht gëtt.

Dies ist ein Youtube Video. Klicken Sie hier, um Cookies von Google zu akzeptieren.

~

Christiane Kremer - So mol, Lobo! & De Geescht Gubi


“Wa kee mir nolauschtert, da muss ech och net méi schwätzen”, denkt de Lobo fir sech an hält duerno einfach de Mond. Dat geet esou laang gutt, bis e seng nei Nopesch Lola kenneléiert. So mol, Lobo! ass eng Geschicht iwwer d’Schwätzen. An doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze schwätzen a sech eppes ze soen.

Viru laanger Zäit, wéi ech mat mengen Elteren a Schottland an der Vakanz war, sinn ech an engem ale Schlass dem Gubi begéint. Hien huet mir seng Geschicht erzielt, déi ech bis haut net vergiess hunn. En häerzlecht Billerbuch vum Guido Van Genechten iwwer e ganz spezielle Geescht, deen e bëssi anescht ass.

Dies ist ein Youtube Video. Klicken Sie hier, um Cookies von Google zu akzeptieren.


~

Martine Schoellen - D'Schmetten an d'Schmooen


D'Schmetten an d'Schmooen erzielt vun enger onméiglecher Léift op engem Planéit wäit ewech. D'Babett gehéiert zum Vollek vun de Schmetten, de Jo zu deem vun de Schmooen. Déi eng si rout, déi aner blo, an all Kand léiert vu klengem un, dass een net mat deenen anere spille soll. Mee d'Babett an de Jo, déi halen sech net un d'Reegelen.

Dies ist ein Youtube Video. Klicken Sie hier, um Cookies von Google zu akzeptieren.
 

~

Toile Si-Re - D’Maus Kätti


D’Maus Kätti wunnt um Land a kritt enges Daags Besuch vun hirer Kusinn Mim aus der Stad. D’Kätti ass iwwerglécklech, mee d’Mim fillt sech guer net wuel an huet och guer keng Loscht op dat einfacht, rouegt a gemittlecht Landliewen. Et probéiert awer d’Kätti z’iwwerrieden, hatt eemol an der Stad ze besichen. Wat d’Kätti och mécht! Mee, wéi d’Liewen sou schéi spillt, lafen dem Kätti zum richtege Moment den Tunn an d’Munni iwwert de Wee …

Den Handpoppen-Spektakel riicht sech u Grouss a Kleng ab 6 Joer.

Dies ist ein Youtube Video. Klicken Sie hier, um Cookies von Google zu akzeptieren.


~

Cathy Clement - De Fäert-Uasch


Wat dMaude méi grouss a verstänneg gëtt, wat seng Famill him méi Kappzerbrieches bereet. Hunn déi all de Klimpi vreckt oder sinn ech net normal?!, freet hatt sech. An der Schoul sinn och vill Toperten ënnerwee an dMaude zitt sech ëmmer méi zeréck a seng eege Welt. Mee hatt ass net eleng. Zanter senger Gebuert ass e klengt Monster extra fir hatt do. Ëmmer, wann dMaude veronséchert gëtt, wiisst säi Monster, bis et op eemol esou grouss gëtt, dass déi zwee sech richteg kenneléieren.

Dies ist ein Youtube Video. Klicken Sie hier, um Cookies von Google zu akzeptieren.


Link op Virliesungen

» Fotoen