Zum Hauptinhalt springen Zum Hauptmenü springen

Maacht alleguer mat beim COLLAGE-Concours !!!

03.03.2014

Fir dëst Schouljoer huet de Kannergemengerot decidéiert eng Aktioun zum Thema Offalltrennung duerchzeféieren.
Fir Iech d’Thema op eng praktesch Manéier verständlech ze maachen an d’Erreeche vum Superdreckskëscht-Label fir d’Schoulen ze ënnerstëtzen, sidd dir invitéiert beim COLLAGE-Concours matzemaachen
Kreéier ee Collage
- de bei eng Dreckskëscht passt
- de ausseet, wat fir ee Knascht an dës Dreckskëscht gehéiert  - oder wat fir ee Knascht grad net do dra gehéiert

Spillregelen:
· beim Collage-Concours dierfen all Schüler vum c2-c4 matmaachen,
Eenzel oder als Grupp.
· d’Kreatioun soll op een Din-A4 Blat gepecht ginn.
· et däerf minimal gemoolt resp. geschriwwe ginn.
· Schreift ären Numm, Klass a Schoul op d’Récksäit.
· De Concours leeft vum 10. Mäerz bis den 28. Mäerz.
· Freides den 28. Mäerz komme Vertrieder vum Kannergemengerot är
Biller asammelen.
· Et gi flott Präisser ze gewannen (1. bis 3. Plaz), all Participant kritt
eppes Klenges.
· Zousätzlech ginn d’Gewënner-Biller aus all Kategorie als offiziellen
Autocollant fir déi Dreckskëscht an eise Schoulen geholl.
De Concours gëtt vun der Gemeng, dem Gréngen Haus an der Superdreckskëscht
ënnerstëtzt.

 Flyer.pdf(9.13 MB)

» Fotoen