
Konferenz zum Thema "Gewalt in der Schule"
18.04.2012Zesumme mat der Eltereschoul Janusz Korczak, invitéiert d’Elterevereenegung Diddeleng op eng Konferenz zum Thema "Gewalt an der Schoul".
Méindeg, den 23. Abrëll 2012 um 19:30 Auer an der Diddelenger Gemeng (Sall Nic. Birtz um 1. Stack)
De Fari KHABIRPOUR, Psycholog a Psychotherapeut, lancéiert Iwwerleeungen zum Phenomen Gewalt ënnert Kanner a Jugendlechen an der Perspektiv vun der Aktioun. Tatsächlech geet et net duer fir ze wëssen, ze verstoen, ze identifizéieren: all Intervenant am Familljen- oder Schoulëmfelt muss reagéieren. Nodeems d'Gewalt definéiert an déi institutionell Elementer déi se favoriséieren opgestallt goufen, ginn verschidden nëtzlech Techniken an déi néideg Kommunikatioun ugeschwat.
www.elterevereenegung-diddeleng.lu
